Legaliséierung vu Cannabis

Auch in Luxemburg verlangen die Menschen nach einer Cannabislegalisierung, was der aktuelle Erfolg einer Petition im Nachbarland zeigt. Aus diesem Grund kontaktierte uns der luxemburgische Radiosender 100,7, um mit DHV-Geschäftsführer Georg Wurth über die Legalisierung in Luxemburg und Deutschland zu sprechen.

Aktuell ass de Besëtz, Transport a Verkaf vu Cannabis zu Lëtzebuerg verbueden. Sou ee Verbuet mécht awer kee Sënn, fënnt de Georg Wurth vum Däitschen Hanfverband, virun allem, well ee keng Wierkung kéint gesinn. De Konsum, a grad de problematesche Konsum bei Jugendleche géif duerch sou e Verbuet net ënnerbonne ginn.

Weiderhi wier Cannabis um Maart verfügbar, a jiddereen, deen es wëllt, géif es och kréien. D’Zil vun engem Verbuet géif also net erreecht ginn, mee Konsumente géife verfollegt ginn, seet de Georg Wurth. De Georg Wurth selwer huet och eng Petitioun fir d’Legaliséierung vu Cannabis an Däitschland eragereecht. Hei brauch hien e Quorum vun 80.000 Ënnerschrëften.

Dës Ënnerscheedung tëscht Alkohol a Cannabis wier net gerechtfäerdegt, seet de Georg Wurth, vum Däitschen Hanfverband. Et géif drëm goen, all déi Substanzen d’selwecht ze behandelen. Et géif keng medezinesch Begrënnung dofir ginn, datt Cannabis verbueden ass, an Alkohol net, obwuel Alkohol vill méi geféierlech wier wéi Cannabis:

    “Also warum sollte man dann die Substanzen unterschiedlich behandeln? Das würde auch bedeuten, auch Alkohol gehört in Fachgeschäfte und auch Tabak gehört in Fachgeschäfte, und nicht in jeden Supermarkt und an jeder Tankstelle verkauft und beworben wie verrückt.”